top of page
Image by Paul Green
trinity (1).png

antauchen | begeeschteren

Trinity ass däi startkloren 3D-Audio-Pak mat dem s du däi Projet op e neie Niveau brénge kanns fir deng Spectateuren an eng ganz aner Dimensioun z’entféieren.

Light%20beams%20in%20England%20sky_edite

Trinity erliewen?

a méi gewuer ginn?

Gäre kënnt dir Iech Trinity och op der Plaz ukucke kommen an Iech iwwerzeege loossen. Mat iech zesumme kënne mer de gewënschte Verwendungszweck diskutéieren an Iech déi breet gefächert Asazméiglechkeete weisen.

Firwat 3D?

...a wat ass 3D?

Am Géigensaatz zu Stereo gëtt de Sound bei 3D net op eng Linn tëscht zwee Lautsprecher reduzéiert. Mat ville Lautsprecher déi ronderëm positionéiert sinn, gëtt e Schallfeld aus alle Richtungen erëmginn. Am ganze Raum si Lautsprecher op verschidden Héischte verdeelt. Aus dem Grond entsteet eng grouss Héierzone, an der een als Nolauschterer iwwerall déi nämmlecht Experienz erliewe kann.


Op dës Manéier gëtt den Toun an all senger Komplexitéit a Villschichtegkeet wouer geholl. Amplaz vun eenzele Lautsprecher héiert een éischter eng Zorte Klangwollek. Dëst Héiererliefnis ass dräidimensional an der Breet, Déift an Héischt an erlaabt en eenzegaarteg naturgetreit Héieren op Lautsprecher.

D’Héiererliefnis ass extrem natierlech an entspaanent. Vum éischten Toun un gëtt een entfouert an taucht an eng akustesch Parallelwelt an. De Nolauschterer gëtt vun enger onerwaarter Raum-Perceptioun, an der Illusioun a Realismus openeentreffen, iwwerwältegt. Kläng verdeelen a beweegen sech an all Richtungen, Klangflächen a Silenz wiesselen sech of a schafen en onvergiesslecht Klangerliefnis. 

Firwat Trinity?

und wouzou?

Trinity iwwersteigt doduerch dass en aus dräi Komponente besteet e klassesche Lautspriechersystem. Seng Stäerkt läit am direkten Zesummespill vun Déngschtleeschtung, Inhalt an 3D-Lautspriechersystem. Virkenntnesser vun der Säit vum Client sinn also net néideg. Eis Aarbecht fänkt beim éischte Virgespréich un a geet bis bei de spillfäerdegen Opbau vum System op der Plaz. Eng Betreiung vum System soubal en opgebaut ass ass och méiglech, woubäi de System och vu fortgeschrattene Benotzer selwer ka gesteiert ginn. Soumat kann Trinity fir all Projet op Mooss zougeschneidert an individuell ugepasst ginn an ass fir all Client sënnvoll benotzbar. 

Soumat ass Trinity immens villsäiteg a breet asetzbar. Säin Asaz fënnt Trinity zum Beispill am Konschtberäich. An enger Galerie kann de Nolauschterer an eng komplett nei Welt entfouert ginn. D'Wierkung oder Ausso vun engem Wierk oder enger ganzer Ausstellung léisst sech op enger onbewosstem an emotionalem Niveau verstäerken a verankeren. Och bei Events léisst sech d'Wierkung vun enger Performance oder enger Filmpräsentatioun mat Raumklang ergänzen.

präsentéiert vun:

Audio-Algorithmen

Klangoptiméierung

Unison Studios_Logo_White.png
_STANDARD_LOGO_1.png
bottom of page